Clilstore Facebook WA Linkedin Email
Login

This is a Clilstore unit. You can link all words to dictionaries.

Bahai Emissioun 1 Positiv Stressbewältegung

An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. [...]

Heiansdo kënnt et alt emol vir, dass ech mir su allgemeng Froen iwwer Gott an d’Liewe stellen, … am Stil: Wat maachen ech iwwerhaapt hei? Weess ech da lo wat de Sënn vum Liewen ass? Virun allem och de Sënn vu mengem Liewen. Ech si jo schliesslech Number 1, dat duerf een net vergiessen. Abee, wéi gesot, et kënnt vir, dass esou Froen optauchen. Fir iech elo just e Beispill ze ginn. Dëslescht krut ech eng Invitatioun op e Virtrag vun de Bahá’í geschéckt: Thema: Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff. Net oninteressant hunn ech geduecht. Den Dr. Medikus Peseschkian hält de Virtrag. Een deen ech d’lescht Joer op der Frankfurter Bicherausstellung getraff hunn. Hien huet nämlech eng Rei Bicher am Fischerverlag erausginn.

Dat ka jo interessant ginn, an doropshi sinn ech net nëmmen an d’allée Léopold Goebel gefuer deen Owend, mee ech hunn och meng nei Digitalkamera matgeholl. Iwwerrascht war ech natierlech, dass de Konférencier de Fils war a net säi Papp. Hien ass Bahá’í an a senger Aarbecht als Psycholog a Psychiater schafft hie virun allem mat Kanner a Jugendlecher. Den Owend ass gutt gelaf, en huet net ze laang geschwat, just iwwer eng Stonn an en plus war en och nach witzeg. D’Ambience war gutt. An ech hunn souguer nach eppes verhale vun deem wat e gesot huet. An do ginn ech himm och Recht. Hie sot et wier wichteg, dass mer géifen eist d’Gläichgewiicht a véier Haaptsaachen hunn.

An zwar éischtens : Eise Kierper, eis Gesondheet, eist Ausgesinn. Zweetens : Eis Aarbecht, dat wat mer maachen, eis Leeschtung. Drëttens : Eis Kontakter mat aneren, eis Famill, Kollegen, a véiertens: Eis Phantasie, eis Dreem, eis Projete fir d’Zukunft.

Resuméiert ass dat eis d’Rezept fir glécklech a frou ze ginn. Wa mer et also fäerdeg brénge fir dee Kuch vu véier Stécker, also eise Kierper, eis Kontakter mat aneren, eis Aarbecht and eis Dreem a Projeten, gläichméisseg ze verdeelen an drunn ze schaffen, an eis Zäit och gläichméisseg op déi véier Punkte verdeelen, dann hu mer all Chancen, glécklech an zefridden ze sinn. Also mir huet et schonn ze denke ginn an et ass einfach eng gutt Orientéierung.

Niewebäi sief gesot, dass säi Papp, de Nossrat Peseschkian, Begrënner vun der Positiver Psychotherapie ass. Et kann een dat an Däitschland op verschidden Unie studéieren an ee vu senge Bicher kann ech rekommendéieren, anzwar eng Kollektioun vun orientalesche Geschichten an der positiver Psychotherapie. D’Buch heescht: Der Kaufmann und der Papagei, am Fischer Verlag. Eng sou eng orientalesch Wäisheet huet mer besonnesch gutt gefall, an zwar déi hei :

Pass op deng Gedanken op, well si gi Wierder. Pass op deng Wierder op, well si ginn Handlungen. Pass op dat op wat s de méchs, well dat gi Gewunnechten. Pass op deng Gewunnechten op, well si ginn däi Charakter a

Pass op däi Charakter op, well däi Charakter gëtt däi Schicksal.

Fir ofzeschléissen, hei nach zwee kleng Zitater aus de Bahá’í Schrëften : « De Mënsch soll wéi eng Flam sinn, sou dass en all deene Leit Wäermt ka ginn, mat deenen hien a Kontakt kënnt. » « Et duerf een a jidderengem nëmmen dat gesinn, wat ee ka luewen, dat positift. Wann een dat mécht, ass e gutt mat jidderengem. Gesäit een a kuckt een awer bei deenen anere just hir Feeler, dann ass et sécher méi schwéier, Frënn ze hunn. Also sollte mer, am Kontakt mat aneren, seng Qualitéite gesinn a net seng schwaach Säiten »

Ech hu vun deem Owend e Video zesummegestallt, an d’Konferenz ass och op Cassette opgeholl. Wann s de gär eng Kopie häss, dann telefonéier dem Bahá’í Zenter um Nummer 44 22 20.

 

Clilstore

Short url:   https://clilstore.eu/cs/2085